NewsSchweden hëlt Ermëttlunge géint Assange op

2010 haten zwou Fraen eng Plainte géint de Wikileaks-Grënner wéinst Vergewaltegung a sexuellem Mëssbrauch gemaach

Leschten Update: 13.05.2019, 11:41:28

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

Déi schwedesch Justiz hëlt hir Ermëttlunge géint de Wikileaks-Grënner Julian Assange wéinst Vergewaltegungsvirwërf erëm op. Dëst huet de Parquet zu Stockholm de Méindeg ugekënnegt.

Den Assange war jo Ufank Mee no senger Festnam an der ecuadorianescher Ambassade zu London zu 50 Woche Prisong a Groussbritannien veruerteelt ginn.

2010 haten a Schweden zwou Fraen eng Plainte wéinst Vergewaltegung a sexuellem Mëssbrauch géint den Assange gemaach.