NewsMéi héich Strofe fir "Gaffer" an nei Radaren

An Zesummenaarbecht mat alle Responsabelen huet de Mobilitéitsministère e Méindeg den neien Aktiounsplang ronderëm d’Verkéierssécherheet presentéiert.

Leschten Update: 19.05.2019, 04:36:25

© Eldo

Et ass en exigenten Aktiounsplang, deen déi Responsabel e Méindeg am Mobilitéitsministère presentéiert hunn. Net manner wéi 31 Mesurë sinn ausgeschafft ginn, dorënner den Ausbau vun de fixe Radaren, d’Aféierung vu Streckeradaren a Vitesslimitatiounen op ausgewielten Tronçonen, déi d’Sécherheet op eise Stroosse verbessere sollen.

Lauschtert eran!


Nei fix Radaren an Aféierung vum Streckeradar

Et wëll een net "wahllos" Radaren installéieren, mee analyséieren, wou se néideg sinn, esou den zoustännege Minister François Bausch. De Streckeradar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff geet Enn dëst Joer an d’Testphas, Ufank 2020 soll dësen dann a Betrib goen. Dës Zort vu Radar soll och an Tunnellen an op geféierleche Plazen, wéi der Streck tëscht Wolz a Kautebaach, installéiert ginn. Och de Pilotprojet um Schlammestee, wou e Radar kontrolléiert, ob een duerch Rout fiert, soll Ufank 2022 starten. Dës Plaz ass erausgesicht ginn, well hei scho vill méi uerg Accidenter waren.

Gaffer gi méi streng bestrooft 

Et war d’Annonce vum Minister, datt een en zweete Chantiersradar bestallt huet. Deen op der Escher A4 hätt fir vill Opreegung gesuergt, ma zënter hir géif sech op där Plaz un d’Vitess gehale ginn, esou de François Bausch. Eng aner Nouvelle war, datt ee sougenannten "Gaffer" méi staark bestrofe wëll. Hei gëtt iwwert en Avertissement taxé vun 145€ an eng Perte vun 2 Punkten nogeduecht. Och Camionschauffere solle méi streng bestrooft ginn: Ass d’Charge net richteg geséchert, verléiert de Chauffer 2 Punkten um Permis.

Bei Droge bleift d'Toleranz gläich null

Iwwerdeems sollen och d’Strofe fir Leit, déi ouni Führerschäin ënnerwee sinn, an d’Luucht gesat ginn. Och wann de Cannabis bis legaliséiert ass, zielt d'Null-Toleranz-Richtlinn. Donieft soll de Public nach méi staark sensibiliséiert ginn, sief dat Chaufferen, Vëlosfuerer awer och Foussgänger. Wat den ëffentlechen Transport ugeet, sollen och do Efforte gemaach ginn. Et war dann och d’Annonce vum Minister François Bausch, datt ee bis de Summer eng weider Taxi-Reform plangt.

PDF / Hei den Aktiounsplang 2019-2023 am Detail.