News25,5 Mio. Euro Recetten duerch Avertissements taxés 2018

2018 goufen zu Lëtzebuerg 729'062 Avertissements taxés ausgestallt, domat louch d'Zuel däitlech iwwer där vun deene Jore virdrun.

Leschten Update: 13.05.2019, 15:00:32

© Eldo

Dëst äntweren déi responsabel Ministeren op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen. Bezuelt goufen der 590'000 wat Recetten an der Héicht vun iwwer 25,5 Milliounen Euro entsprécht.

138'568 goufen der deemno net bezuelt, deemno waren dat bal 4,5 Milliounen Euro, déi net bezuelt gi sinn, ier d'Affären un de Parquet gaange sinn.

Fir dëst Joer sinn et iwwerdeems scho ronn 207'000 Avertissementer gewiescht, 132'103 goufen der scho bezuelt. Dat si Recette vun iwwer 5,7 Milliounen Euro.

Links