News1 Doudegen bei Ausschreidungen op Sri Lanka

Op Sri Lanka gouf eng Ausgangsspär wärend der Nuecht decidéiert.

Leschten Update: 14.05.2019, 16:13:26

© AFP/LAKRUWAN WANNIARACHCHI

Bei Ausschreidunge géint Moslemen op Sri Lanka ass eng Persoun ëm d'Liewe komm. Trotz enger Ausgangsspär während der Nuecht huet e Grupp e Mann attackéiert an ëmbruecht. Dat huet d'Police op Sri Lanka en Dënschdeg matgedeelt.

No den Onrouengéint Moslemen war am ganze Land eng Ausgangsspär verhaange ginn. Wéi d'Police vu Sri Lanka e Méindeg matgedeelt hat, gëllt dës wärend der Nuecht 6 Stonne laang. Ufanks war just an 3 Bezierker eng Ausgangsspär decidéiert ginn, nodeems chrëschtlech Gruppen Butteker vu Moslemen an och Moscheeën ugegraff haten.

Donieft huet d'Regierung d'sozial Medie blockéiert. Bis op Weideres sinn d'Zougäng zu Déngschter wéi Facebook, WhatsApp an Instagram gespaart. D'Lag op Sri Lanka ass no den Terrorattacken op Ouschtersonndeg op kathoulesch Kierchen a Luxus-Hoteller weiderhin ugespaant. Op d'mannst 256 Persoune waren ëm d'Liewe komm.


© AFP/LAKRUWAN WANNIARACHCHI