NewsCO2-Emissioune vun Neiween zënter 2016 geklommen

Trotz neie Reegelungen sinn d'CO2-Emissioune vun Neiween zu Lëtzebuerg geklommen. Donieft sinn 2018 méi Bensinner wéi Diesel kaf ginn.

Leschten Update: 13.05.2019, 18:44:38

© AFP/Archiv/Josh Edelson

D'CO2-Emissioune bei verkaaften Neiween am Grand-Duché sinn zënter 2016 nees geklommen. Dat äntweren déi zoustänneg Ministeren e Méindeg op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Yves Cruchten.

Fir d'lescht war bis 2016 e Réckgang festgestallt ginn. De niddregsten Ausstouss gouf 2016 mat 127,64 Gramm pro Kilometer gemooss, esou d'Ministere weider.

Vun 2016 bis 2018 sinn d'Wäerter awer nees an d'Luucht gaangen. De Grond hei ass de Ministeren no, datt de Client hautdesdaags léiwer e Bensinner wéi en Diesel keeft an dës méi CO2 ausstoussen. 2018 goufen esou 48,9 Prozent Bensin-Autoen zougelooss, bei den Diesel-Gefierer waren et 46,9 Prozent.

LINK / Hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert