NewsNo Brand-Serie: Verdächtegen op fräiem Fouss

Am Raum Hesper hunn an de leschte Méint eng Partie Autoe gebrannt. Eng verdächteg Persoun gouf festgeholl. Dës wier elo provisoresch nees op fräiem Fouss.

Leschten Update: 14.05.2019, 05:41:43

© CIS Hesper

An de leschte Méint hunn an der Gemeng Hesper ëmmer nees Autoe gebrannt. D’Police ass vu Brandstëftung ausgaangen. De Parquet hat Ufank Abrëll matgedeelt, dat am Zesummenhang mat de Bränn ee verdächtege Mann virleefeg festgeholl gouf.

Wärend de Verdächtegen an Untersuchungshaft souz, huet d’Serie vun de Bränn awer net opgehalen. Wéi d’Tageblatt en Dënschdeg de Muere schreift, wier de concernéierte Mann den 3. Mee provisoresch nees fräi gelooss ginn. D’Zeitung krut dat e Méindeg vun der Pressestell vun der Justiz confirméiert. A wéi eng Richtung sech d’Ermëttlunge vun der Police beweegen, dozou goufe keng weider Detailer gemaach.