NewsSécherheetslacune bei WhatsApp entdeckt

WhatsApp huet eng Sécherheetslacune zouginn, duerch déi Spionage-Programmer op Smartphones installéiert konnte ginn.

Leschten Update: 14.05.2019, 08:10:01

© ARUN SANKAR / AFP

WhatsApp huet eegenen Aussoen no eng Sécherheetslacune zougemaach, duerch déi eng Iwwerwaachungs-Software ageschleist konnt ginn. E puer US-Medie mellen dass d’Technik dofir, wuel vun enger israelescher Entreprise ass, déi Spionage-Programmer u Regierunge verkeeft. WhatsApp geet dovunner aus, dass nëmme wéineg ausgewielten Notzer iwwert d’Schwaachstell ugegraff sollte ginn.