NewsJonker zu Lëtzebuerg verloossen Elterenhaus mat 20 Joer

An der Moyenne verloossen domat jonk Leit am Grand-Duché hiert Elterenhaus domat am zweet-fréisten am Verglach zu den aneren EU-Länner.

Leschten Update: 14.05.2019, 14:50:55

© Pixabay

Jonk Leit zu Lëtzebuerg verloossen hiert Elterenhaus zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt schonn am Alter vun 20,1 Joer. Dat geet aus den Zuele vun Eurostat ervir. Deemno läit de Grand-Duché hannert Schweden op där 2. Plaz. Do verloosse Jonker hiert Elterenhaus an der Moyenne no 18 an engem hallwe Joer.

Den EU-Duerchschnëtt läit bei 26 Joer.





Weider geet aus den Zuele vun 2017 ervir, dass en Drëttel vun de Männer tëscht 25 a 34 Joer nach bei hiren Eltere wunnen, bei de Fraen ass et e bësse méi wéi e Fënneftel.