News5 Arrestatiounen no Uschlag op Stroossbuerger Chrëschtmaart

5 presuméiert Komplize solle Waffen un de Stroossbuerger-Attentäter geliwwert hunn. Dës soll de Chekatt och fir eng aner Dot benotzt hunn.

Leschten Update: 14.05.2019, 17:27:00

© AFP/Archiv/SEBASTIEN BOZON

Fënnef Méint no den Uschléi op de Stroossbuerger Chrëschtmaart si 5 Persoune festgeholl ginn. Der Zeitung "Le Parisien" no sollen d'Verdächteg dem Attentäter Cherif Chekatt Waffe geliwwert hunn, déi hie bei der Dot benotzt hat.

Wéi d'Zeitung weider schreift, soll hien d'Waffen och bei enger anerer Dot virum Attentat benotzt hunn. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, hätt et sech hei ëm Doudschlag gehandelt.

Beim Attentat den 11. Dezember hat de Chekatt Passanten erschoss a si mat engem Messer ugegraff. 5 Persoune koumen ëm d'Liewen, den Attentäter gouf no enger zwee Deeg laanger Sich vun der Police erschoss.