NewsAarbechtszäit an der EU muss komplett erfaasst ginn

Den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg huet en Dënschdeg decidéiert, datt all Employeur an der EU d'Aarbechtszäit vu senge Salariéë festhale muss.

Leschten Update: 14.05.2019, 17:14:22

© dpa/AFP/Daniel Naupold

Employeuren an der EU si verflicht, d'Aarbechtszäit vun hire Mataarbechter komplett ze erfaassen. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg en Dënschdeg decidéiert.

Wéi d'Riichter soten, kéint ee just esou d'Rechter vun de Salariéeën ënnerstëtzen. A ville Betriber gëtt d'Aarbechtszäit net festgehalen, et gëtt also net dokumentéiert, wa Mataarbechter an d'Firma kommen a wéini si nees Heem ginn.

Dat féiert dacks dozou, datt déi maximal zoulässeg Aarbechtszäit iwwerschratt gëtt. Och den Home-Office, wann ee vun Doheem aus schaff, kéint vun dësem Uerteel betraff sinn. D'Uerteel gëllt fir all EU-Memberstaat, ma wéi d'Aarbechtszäit erfaasst gëtt, bleift un den eenzele Memberstaaten ze decidéieren.