News"Eichenprozessionsspinner" zu Leideleng?

Wéi de regionalen Déierenasyl vun Diddeleng op hirer Facebook-Säit schreift, wieren zu Leideleng déi sougenannten "Eichenprozessionsspinner" opgetaucht.

Leschten Update: 15.05.2019, 11:42:09

© Eldoradio Archiv

Leschte Summer waren d'Larven op ville Plazen ze gesinn. Ma och dëst Joer wäert een nees domat geplot sinn.

Wéi den Déierenasyl en Dënschdeg op Facebook schreift, goufen déi sougenannten "Eichenprozessionsspinner" op engem Vëloswee zu Leideleng gesinn.





Méi genee hu sech d'Déiercher op engem Birebam verbreet. Wéi et weider heescht, géif d'Gemeng Bescheed wëssen. D'Gemeng Leideleng huet op hirer Homepage schonn eng Warnung eraus ginn.

Op Facebook ass een sech allerdéngs net ganz eens, ob et sech tatsächlech ëm den Eichenprozessionsspinner handelt.

Message op der Homepage vun der Gemeng Leideleng:

Achtung: Eichenprozessionsspinner / Attention: Processionnaire du chêne

Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea)

Einige Nester der Eichenprozessionsspinner wurden in Leudelingen gesichtet. Die Gemeindeverwaltung bittet Sie diese Nachtschmetterlingslarven nicht zu berühren, da Verätzungsgefahr der Haut besteht. Melden Sie die Eichenprozessionsspinner bitte beim Forstdienst unter der Nummer: 24756 – 793

Processionnaire du chêne (Thaumetopoea processionea)

Plusieurs nids du processionnaire du chêne ont été découverts à Leudelange. L’administration communale vous prie de ne pas toucher les larves de ces papillons de nuit. Il existe le danger de brûlures de la peau. Veuillez informer le service forestier au numéro : 24756-793 sur toute découverte de processionnaires du chêne.


LINK / Wat ass en "Eichenprozessionsspinner"?