NewsUriff an aner EU-Länner vun elo u méi bëlleg

Mam Ofschafe vun de Roaming-Käschten huet d'EU d'Telefonéieren am Ausland méi bëlleg gemaach. Elo ginn och Uriff vun engem EU-Land an dat anert méi bëlleg.

Leschten Update: 15.05.2019, 11:40:11

© pixabay

Zënter zwee Joer ginn et fir d’Telefonéieren an d‘SMSen am EU-Ausland keng Extra-Käschte méi. Vum 15. Mee un, gëllt dat och wann ee vun hei aus an d’EU-Ausland urifft oder eng SMS schéckt. D’Fraise fir Uriff an SMSe gi gedeckelt. Op 19 Cent pro Minutt fir een Uruff a 6 Cent pro SMS. Dobäi kënnt nach d'TVA. Et ass egal ob ee vum Festnetz oder vum Handy aus telefonéiert. Bei Tariffer mat Flatrates oder Minutte-Packages fir Auslandsgespréicher gëllt eng Iwwergangsfrist bis de 15. Juli.