NewsBrand um Knuedler a Chaos op der Gare

Nieft de sëlleche Chantieren an der Stad sinn et de Mëttwoch och Neiegkeeten zum Brand um Knuedler an elektreschen Trottinette ginn.

Leschten Update: 19.05.2019, 04:35:53

© Eldoradio

Gebai ass net méi ze benotzen

D’Gebai, d.h. d’Brasserie Guillaume an och d’Appartementer sinn nom Brand de Freideg de Mëtteg net méi notzbar. Dat sot d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Mëttwoch de Mueren um City Breakfast. De Brand war jo an der Hott an der Kichen am ënneschte Stack ausgebrach. Am Rouer vun der Hott waren och Kabelen an d’Heizung an déi mussen elo vun uewe bis ënnen nei gemaach ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


D’Gebai, dat der Stad gehéiert, wier och duerch d’Waasser staark beschiedegt ginn. Et muss alles erausgeholl a frësch gemaach ginn. Wéi laang dat wäert daueren, dat kann ee bis elo nach net soen. Déi 7 Leit wieren iwwerdeems relogéiert ginn, esou d’Stater Buergermeeschtesch.


© CGDIS


Vill Gedold an den nächste Joren am Stater Verkéier verlaangt

Wat d’Place de la Constitution bei der Gëlle Fra ugeet, do war et nach emol d’Info, dass d’Plaz amenagéiert gëtt an d’Parkplaze verschwannen. Weider hunn déi Responsabel sech verwonnert gewisen iwwer de Chaos de Méindeg am Garer Quartier wéinst dem Tramschantier. Hei hätt ee jo awer wäit am Viraus informéiert ma vill Leit hätten dat wuel net matkritt oder trotzdeem probéiert duerch d'Avenue de la Gare ze fueren.

Nee“ zu Kooperatioun tëscht Stad a Locatiounssystem fir elektresch Trottinetten

Wat déi elektresch Trottinetten an der Stad ugeet, do wier et d’Decisioun, dass ee méi op de Vel’oh an aner Locatiounssystemer géif setzen an dofir net nach eng Kooperatioun géif mat engem Locatiounsubidder fir elektresch Trottinette wéilt agoen.