NewsFilm iwwer Christchurch-Massaker annoncéiert

De Mëttwoch huet de Produzent e Film mam Numm „Hello Brother“ iwwer d'Massaker an Neiséiland bei deem 51 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn annoncéiert.

Leschten Update: 15.05.2019, 13:19:44

© WILLIAM WEST / AFP

D'Massaker an zwou Moscheeën zu Christchurch an Neiséiland soll elo Thema vun engem Film ginn, dëst huet de Produzent de Mëttwoch zu Cannes annoncéiert.
De Film soll „Hello Brother“ heeschen, dat sinn déi Wierder, mat deenen e Mann an der Entrée vun der Moschee den Ugräifer begréisst huet.

De Film, dee vun enger afghanescher Flüchtlingsfamill handelt, déi duerno beim Massaker ëm d'Liewe kënnt, gëtt vum egyptesche Produzent
Moez Masoud gedréint.