NewsAmsterdam féiert Bettsteier an

Am Verglach mat aneren europäesche Metropole bezuelen Touristen zu Amsterdam elo schonn déi héchste Steieren. Vun e Mëttwoch u gëtt et nach méi deier.

Leschten Update: 15.05.2019, 18:38:35

© JERRY LAMPEN / ANP / AFP

Vun dësem Mëttwoch u mussen Touristen zu Amsterdam bei hiren Depensë méi Suen arechnen. Wéi d'Administratioun vun der Stad e Mëttwoch matgedeelt huet, gëllt vun elo un nieft der Tax fir Touriste vu 7 Prozent och eng sougenannte Bettsteier. Pro Nuecht a pro Gaascht kascht dës 3 Euro.

Dovu versprécht ee sech Recettë vu ronn 100 Milliounen Euro. Dës Sue sollen dann an den Erhalt vum historesche Stad-Bild vun Amsterdam fléissen, esou d'Administratioun weider.

An den nächste Jore sollen 289 Milliounen Euro an den Ënnerhalt vun de Brécken, Kanäl a gréngen Anlage fléissen. Donieft wëll een duerch aner Mesurë weider géint de sougenannten "Overtourism" virgoen. Am Zentrum vun der Stad dierfe keng nei Hoteller méi gebaut ginn. Wunnengen dierfen am Joer just nach maximal 30 Deeg verlount ginn.

LINK / Schonn am Abrëll goufe Changementer annoncéiert