NewsSchëlleg Chaufferen no Accidenter geflücht

En Dënschdeg an e Mëttwoch koum et jeeweils zu engem Accident. A béide Fäll gëtt elo no de schëllege Chauffere gesicht.

Leschten Update: 15.05.2019, 18:40:07

© Eldoradio

Op der Kräizung Rue des Legures mat der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer ass et e Mëttwoch an der Mëttesstonn zu engem Accident komm. E Jong, deen iwwert den Zebrasträif gaangen ass, gouf vun engem Auto ugestouss. Passanten hunn him gehollef, well de schëllege Chauffer geflücht ass. Beim gesichten Auto handelt et sech der Police no ëm ee giele Won mat belscher Plackennummer. All Indice ass fir d'Police vun Déifferdeng. D'Nummer hei ass den 00352 244 53 1000.

An engem weidere Fall sicht d'Police och no Zeien. En Dënschdeg kuerz virun 8.00 Auer koum et tëscht dem Openthalt a Bëschdref zu engem Accident mat Materialschued. Duerch d'Kollisioun ass de lénkse Baussespigel vun engem Won ofgerappt ginn. De Chauffer ass du geflüch. Beim gesichten Auto handelt et sech ëm eng gro Mercedes C-Klass. Der Police no waren de Moment vun der Kollisioun nach aner Persounen op der Plaz. Dës solle sech bei der Dikrecher Police mellen. D'Nummer hei ass den 00352 244 81 200.

E Mëttwochowend huet d'Police dann en drëtten Zeienopruff lancéiert. An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch sinn Onbekannter iwwert e Lach am Drot op d'Tennisterrainen um Boulevard Hubert Clement zu Monnerech agebrach. Hei hu si muttwëlleg de Belag vun den Terrainen zerstéiert. Eventuell Zeie si fir den 113.