NewsPolice äntwert op Meldung vu "OuiFM" zu Iwwerwaachungspann

D'Police soll d'Spur vu 700 Persounen, déi via elektronesche Bracelet iwwerwaacht ginn, verluer hunn, esou de franséische Rocksender "OuiFM".

Leschten Update: 16.05.2019, 21:01:21

© DENIS CHARLET / AFP

De franséische Rockradio "OuiFM" hat de Mëttwoch den Owend via Twitter gemellt, dass d'Lëtzebuerger Police d'Spur vun iwwer 700 Persoune verluer hätt, déi mat engem elektronesche Bracelet iwwerwaacht goufen. Dat wéinst engem Update vum System.

Ma wéi d'Police kuerz drop drënner geäntwert huet, wier d'Informatioun direkt an 2 Punkte falsch. D'Police wier deemno guer net fir d'Gestioun vun deene Braceleten zoustänneg, weider wier d'Zuel vun deenen, déi iwwerhaapt esou e Bracelet hätte ganz wäit ënner deene 700. 



Op Nofro hin huet et vun der Police geheescht, dass een sech net kéint erkläre, wouhier de Radio dës Informatioun huet.