NewsKlima-Manif virun der Chamber ass friddlech verlaf

Youth for Climate Luxembourg a Rise for Climate Luxembourg haten dozou opgeruff fir virun der Chamber fir méi Klimaschutz ze manifestéieren.

Leschten Update: 19.05.2019, 04:35:32

© Eldo

Vu 14.00 Auer u gouf en Donneschdeg an der Chamber iwwer d'Klimapolitik vun der Regierung diskutéiert.

Déi Lénk haten an deem Sënn eng Aktualitéitsstonn ugefrot.

Duerno gouf iwwer d'Strategie "zéro déchets" an d'Beschränkungen a Saache Plastiksoffall diskutéiert.

© Eldo

Iwwerdeems haten d'Beweegunge Youth for Climate Luxembourg a Rise for Climate Luxembourg an de soziale Medien dozou opgeruff, sech vun 13.00 Auer u virun der Chamber ze versammelen a Kaméidi ze maachen. Domat sollen d'Deputéiert opgefuerdert gi méi fir de Klimaschutz ze maachen.

Op der Plaz waren dann och e puer Jonker mat Plakater, wéi een se vum leschte grousse Klimastreik am Mäerz kennt. Verschiddener sinn um 14.00 Auer mat an d'Chamber eragaangen, fir den Debat live ze suivéieren.
© Eldo




D'Deputéiert vun déi Lénk haten eng Resolutioun op den Ordre du jour gesat, déi den urgente Klimanoutstand hei zu Lëtzebuerg deklaréiert. Dës Resolutioun ass schlussendlech refuséiert ginn. Am Kader vun der Strategie "Null Offall", respektiv d'Reduzéiere vum Plastiksoffall, huet d'Chamber awer fir eng Resolutioun gestëmmt.