NewsBecca: Veräi soll nees an 1. Bundesliga

Wéi den 1. FC Kaiserslautern en Donneschdeg matgedeelt huet, wëll de Veräi mam Lëtzebuerger Geschäftsmann zesumme schaffen.

Leschten Update: 17.05.2019, 17:16:42

© firo Sportphoto/SID/firo Sportphoto / Christopher Neundorf

Den 1. FC Kaiserslautern huet zesumme mam Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca eng gemeinsam Erklärung ofginn. Wéi et e Freideg an engem Schreiwes heescht, wëll ee fir d'éischt den Erhalt vun der Zouloossung fir d'Spillzäit 2019/2020 sécherstellen. Donieft heescht et vum Becca, datt een de Club nees an déi éischt Bundesliga zeréck wëll kréien.

Wéi den 1. FC Kaiserslautern en Donneschdeg den Owend op senger Homepage matgedeelt huet, huet de Veräi sech dozou decidéiert hunn, an Zukunft mam Lëtzebuerger Investisseur Flavio Becca zesummen ze schaffen. De Finanzdéngschtleeschter Quattrex géif d'Kreditter vum Club mam Becca besser geséchert gesinn. Et géif een op eng nohalteg a laangfristeg Kooperatioun setzen, esou d'Rout Däiwelen.

Wéi et weider heescht, ass am Kader vun enger Veräinssëtzung en Donneschdeg decidéiert ginn, datt de Chef vum Opsiichtsrot vum 1. FC Kaiserslautern Michael Littig zerécktrëtt.