NewsMay wëllt mat neier Propose Zoustëmmung fir Brexit-Vertrag

Déi britesch Premierministesch May kënnegt eng "nei a couragéis" Propose un, fir datt d'Parlament dem EU-Brexit-Vertrag awer zoustëmmt.

Leschten Update: 19.05.2019, 10:51:27

© DANIEL LEAL-OLIVAS / AFP

D'Premierministesch Theresa May wëllt dat britesch Parlament dozou beweegen, de Brexit-Vertrag tëscht Groussbritannien an der EU awer ze accordéieren. An engem Artikel an der "Sunday Times" huet si ugekënnegt, dem Parlament eng "nei a couragéis" Propose ze maachen. 

An hirem Artikel schreift d'May weider, datt si der Meenung ass, datt "et méiglech ass, am Parlament eng Majoritéit fir en Austrëtt mat Accord ze kréien". Dofir wéilt si e "verbesserte Pak vu Moossnamen" virleeën. 

Experten erwaarden, datt dem May hiren neie Virschlag Moossnamen zum Schutz vun Aarbechter-Rechter enthält sou wéi den Asaz vu modernen Technologien, fir Grenzkontrollen tëscht Nordirland an der Republik Irland ze verhënneren. D'May wäert dofir awer wahrscheinlech net nach eng Kéier mat der EU verhandelen, well Bréissel strikt géint eng Nei-Verhandlung vum Ofkommes ass. 

D'Premierministesch wëllt hir Virschléi nach dëse Mount virum Parlament virstellen. Groussbritannien huet bis den 31. Oktober Zäit, fir d'EU ze verloossen. D'May wéilt awer nach virum 31. Juli d'EU verloossen.