NewsÉischte Republikaner fir d'Ofsetze vum Trump

An den USA huet sech fir d'éischt e republikanesche Politiker dofir ausgeschwat, den Trump ofzesetzen. De Mueller-Rapport géif dës Prozedur rechtfäerdegen.

Leschten Update: 19.05.2019, 11:50:23

© SAUL LOEB / AFP

An den USA huet sech fir d'éischt e republikanesche Politiker aus dem Kongress dofir ausgeschwat, den amerikanesche President Trump ofzesetzen. De Rapport vum Ermëttler Mueller iwwer d'Russland-Affär géif esou eng Prozedur rechtfäerdegen, esou de Republikaner Justin Amash op Twitter. Am Rapport wier kloer bewisen, datt den Trump d'Justiz hätt wëlle bei hirer Aarbecht behënneren.