NewsNeien Déifstand vu "gilets jaunes"-Demonstranten

Sechs Méint nom Ufank vun de "gilets jaunes"-Protester ass d'Bedeelegung um niddregste Stand. Knapp 16.000 Persounen hunn e Samschdeg demonstréiert.

Leschten Update: 19.05.2019, 10:52:54

© FRANCOIS NASCIMBENI / AFP

D'Bedeelegung un de Protester vun de "gilets jaunes" war de Weekend esou déif wéi ni. Wéi de franséischen Inneministère matdeelt, waren de Samschdeg ronn 15.500 Persounen an de Stroossen ënnerwee. D'Organisateure vun der Protest-Beweegung schwätze vun 41.000 Participanten.

Zu Lyon an zu Dijon huet d'Police Tréinegas agesat. Zu Reims goufen ausserdeem 20 Fënstere beschiedegt an eenzel Poubellen hu gebrannt. Zwee Demonstrante goufe blesséiert.

D'Protester vun de gilets jaunes haten de 17. November ugefaangen. Den éischte Samschdeg ware ronn 282.000 Demonstrante gezielt ginn. Dëse Weekend ass de 27. Weekend hannerteneen, datt d'gilets jaunes sech versammelt hunn. 

De President Macron hat viru Wochen op d'Demonstratioune reagéiert an de Bierger ënner anerem e méi héije Mindestloun versprach. Den Demonstrante geet dat awer net duer.