NewsBoeing verbessert Software fir Fluchsimulatoren

Den US-Fligerhiersteller Boeing huet d'Software vun de 737 Max-Simulatore geännert. Zwee Fligere vun dësem Typ waren d'lescht Joer erofgefall.

Leschten Update: 19.05.2019, 10:54:35

© IHWAN IDAMIN HARAHAP / AFP

D'lescht Joer waren zwee Fligere vum Typ Boeing 737-Max erofgefall. Wéi den amerikanesche Fliger-Hiersteller elo matdeelt, gouf d'Software vun de Simulatoren verbessert. Mat dëser Software gi Pilote fir Flich mat dësem Boeing-Modell trainéiert.

Wéi Boeing weider matdeelt, war d'Software bis elo net dofir gemaach, fir déi Fluchkonditiounen ze simuléieren, déi den zwee Accidenter am Joer 2018 geglach hunn.