NewsAlkoholiséiert Fra mécht hiert "Geschäft" am Police-Won

Zu Suessem war eng staark alkoholiséiert Fra an en Accident verwéckelt. Um Wee fir op de Büro huet si hiert "Geschäft" am Police-Won gemaach.

Leschten Update: 19.05.2019, 12:11:06

© Eldoradio

Wéi d'Police matdeelt, hunn Zeien an der Nuecht op e Sonndeg e wäissen Auto gemellt, deen op der A13 Richtung Péiteng gefuer ass. Kuerz drop huet d'Police den Auto zu Suessem fonnt. Déi staark alkoholiséiert Automobilistin war an en Accident verwéckelt. 

Um Wee fir op de Police-Büro huet d'Fra am Won hiert "Geschäft" gemaach. Weider Detailer huet d'Police net matgedeelt. Hire Führerschäin gouf agezunn.

Zu Sandweiler hunn Zeie géint 5.40 Auer en Auto an engem Gruef gemellt. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war d'Automobilistin ageschlof. Si hat am Gruef "geparkt" an dobäi hire Won beschiedegt. Och hei gouf de Permis wéinst Alkohol agezunn.

Zu Miersch huet an der Nuecht op e Sonndeg e weideren Automobilist säi Permis wéinst Alkohol missen ofginn.