NewsNeit Waffegesetz fir d'Schwäiz

Méi wéi d'Halschent vun de Bierger haten an engem Referendum fir ee verstäerkt Waffegesetz gestëmmt

Leschten Update: 19.05.2019, 17:56:58

© STEFAN WERMUTH / AFP

60 Prozent vun de Bierger si fir ee verstäerkt Waffegesetz an der Schwäiz.

D’Gesetz gesäit ënnert anerem vir, hallefautomatesch Waffen ze verbidden.

D'Parlament hat erkläert, dass si mat der EU un engem Strang zéie mussen. D'Schwäiz gehéiert net zu der EU, mä wéi déi meescht EU-Staaten zum Schengenraum mat oppene Grenzen. Des Positioun wier riskéiert ginn, wann si hir Reegelen net un d'EU-Richtlinnen ugepasst hätten. An dëse sinn d'Stuermwaffe scho méi laang verbueden.