News19 Euthanasien zu Lëtzebuerg 2017 an 2018

D'Zuel vun den Euthanasien zu Lëtzebuerg bleift relativ konstant ma d'Plaz vun der Euthanasie huet sech vum Spidol an d'Doheem verlagert.

Leschten Update: 21.05.2019, 16:11:54

© Pexels

Den Dënschdeg de Muere gouf de Rapport vun 2017 an 2018 iwwer d'Euthanasie un de Chamberpresident Fernand Etgen iwwerreecht. Deemno goufen et 2017 11 an 2018 8 Euthanasien, domat bleift d'Zuel relativ konstant par Rapport zu de Jore virdrun.

Zanter 2009 goufen et esou 71 Euthanasien. Den Alter vun de Patiente läit iwwerdeems tëscht 53 an 93 Joer. 15 vun deenen 19 Persounen aus de leschten 2 Joer hate Kriibs.

Weider ass ze soen, dass d'Plaz op där d'Euthanasie praktizéiert gëtt sech an de leschte Jore vum Spidol op d'Doheem verlagert huet.

Weider wieren an deenen 2 Jore 619 sougenannten "Testaments de fin de vie" enregistréiert ginn, also d'Euthanasie-Demanden, déi ee schonn am Viraus ka maache, sollt een duerno net méi dozou an der Lag sinn. Och ëmmer méi Jonker géifen sech dofir interesséieren, esou heescht et weider am Rapport.

Donieft huet de President vun der Kontrollkommissioun fir d'Euthanasie, Carlo Bock, de Mangel un Informatioun iwwer d'Thematik kritiséiert. Wéi schonn am leschte Rapport géif een sech dofir fir d'Aféierung vun enger medezinesch-ethescher Consultatioun vu speziell forméierten Dokteren ausschwätzen, déi interesséiert Persoune géifen informéieren.


Links