News1 Doudege bei Accident op der franséischer A31

Uergt Accident op der franséischer A31: Wéi de franséischen "Le Républicain Lorrain" schreift, soll eng Persoun ëm d'Liewe komm sinn.

Leschten Update: 23.05.2019, 23:31:09

© dpa/AFP/Archiv/Monika Skolimowska

Op der franséischer A31 Richtung Thionville koum et en Donneschdeg géint 14.15 Auer zu engem uergen Accident. E Camionschauffer hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op där anerer Säit vun der Autobunn stoe bliwwen. Well de Camion an de Géigeverkéier geroden ass, sinn eng Partie Autoe kollidéiert.

Wéi d'Zeitung "Le Républicain Lorrain" op hirem Internetsite mellt, wier de Chauffer vum Auto nach op der Plaz gestuerwen, e weidere Chauffer wier schwéier blesséiert ginn. Donieft sollen och nach aner Persoune blesséiert gi sinn.

Well den Helikopter op der Plaz huet misste landen, gouf d'Autobunn a béid Direktioune gespaart. Zäitweis gouf e Réckstau vu 14 Kilometer gemellt, dee bis op d'Grenz Diddeleng/Zoufftgen zeréckgaangen ass.