NewsVëlosfuerer hu sech net un de Code de la Route gehalen

D'Fuerverhale vu Cycliste stoung en Donneschdeg de Moien am Mëttelpunkt vun zwou Policekontrollen.

Leschten Update: 23.05.2019, 23:31:15

© Unsplash

En Donneschdeg de Moien huet d'Police zu Stroossen Kontrolle gemaach. De Fokus hei louch um Fuerverhale vun de Vëlosfuerer. Am Ganze goufen et 12 Verwarnunge mat Geldstrof, well d'Cyclisten um Trottoir oder entgéint d'Fuerrichtung duerch eng Eebunnsstrooss gefuer sinn.

Och eng Persoun op engem Scooter hat sech net un de Sens unique gehalen. Scho leschten Dënschdeg krute 34 Vëlosfuerer hei Verwarnunge mat Geldstrof. De Moie gouf dann och e Vëlosfuerer zu Koplescht protokolléiert. Hie war hei duerch Rout gefuer.