NewsCNS: "Et goufe keng aner Irregularitéiten"

De President vun der Gesondheetskeess huet d'Deputéiert en Donneschdeg iwwert déi zwee Fäll bei der CNS informéiert, déi fir Opreegung gesuergt haten.

Leschten Update: 23.05.2019, 23:30:08

© Google Street View

Ufank Februar gouf jo matgedeelt, datt zwou Persoune vun der Gesondheetskeess Suen ënnerschloen haten. Nom Opdecke vun dëser Affär gouf eng Enquête an d'Weeër geleet, fir ze ënnersichen, wéi et zum Bedruch komm war an ob et net weider Fäll géife ginn.

Hei koum eraus, datt et keng Lacunnen am System vun der CNS ginn. Wéi de President den Deputéierten awer erkläert huet, missten d'technesch Outilen a Kontrollsystemer weider optimiséiert a moderniséiert ginn.

Weider waren dëst déi eenzeg zwee Fäll vu Verontreiung, et goufen deemno keng aner Irregularitéite festgestallt. 

LINK / Hei den Detail.