NewsNach bis haut kann een d'Bréifwal ageheien

Sollt een dat awer nach vergiessen, da gëtt et nach d'Méiglechkeet de Walziedel de Sonndeg am Haaptwalbüro ofzeginn.

Leschten Update: 24.05.2019, 05:58:09

© Eldo

De Sonndeg si jo d'Europawale ma schonn haut gëtt et e wichtegen Delai. An zwar kann een nach bis haut seng Bréifwal ageheie fir dass déi nach mat Zäiten ukënnt.

Wéi et vum zentrale Regierungsbüro heescht sollt een dat maachen ier d'Bréifboîte haut déi leschte Kéier eidel gemaach gëtt.

Déi, déi dat vergiess hu kënnen hiren Ziedel awer natierlech am Haaptwalbüro vun der Gemeng bis zwou Auer de Sonndeg de Mëtteg de 26. Mee ofginn.