NewsOppassen op de Stroosse wéinst Coupe Scolaire

De Freideg heescht et an direkt e puer Dierfer uechter d'Land fir d'Automobilisten opzepassen, do sinn nämlech déi jonk Cyclisten ënnerwee.

Leschten Update: 24.05.2019, 06:32:06

© Pixabay

De Freideg ass Coupe Scolaire, dat zu Réiden un der Atert, zu Walfer, zu Miedernach, Nidderkuer an zu Bruch bei Miersch. Dës dauert nach plazeweis bis 16.00 Auer am Nomëtteg.

Den ACL rifft deemno dozou op op d'Cycliste gutt opzepassen a lues ze maachen.

Hei fannt dir d'Zäite vun der Coupe Scolaire:

 -Réiden/Attert vun 8.00 bis 12.00 Auer

 -Walfer vun 14.00 bis 16.00 Auer

 -Miedernach vun 8.00 bis 11.30 Auer

 -Nidderkuer vun 9.00 bis 11.00 Auer

 -Bruch bei Miersch vun 8.00 bis 12.00 Auer