NewsAccord bei Gesetzprojet iwwer d'Stagen

No sëlleche Reuniounen hunn d'Partner en Accord a Saache Stagegesetz fonnt. Am Gesetzprojet gëtt tëscht 2 verschiddenen Typpen ënnerscheet.

Leschten Update: 24.05.2019, 08:29:18

© Pixabay

Den Aarbechtsminister, d'Vertrieder vun den Entreprisen a vun de Studenten an d'Chambre des Salariés hunn no enger sëlleche Reuniounen en Accord wat de Projet iwwer d'Stagesetz ugeet konnte fannen. Dëst deelt den Aarbechtsministère mat.

De Projet ënnerscheet deemno tëscht 2 verschiddenen Zorte vu Stagen: Eemol déi, déi vun engem schouleschen Etablissement virgesi sinn an Deel vum Studiëgank sinn. An dann déi, déi fräiwëlleg ausserhalb vum Studiëgank gemaach gi fir professionell Erfarung ze sammelen.

Weider reegelt de Gesetzprojet d'Bezuelungen d'Dauer an d'Garantie fir d'Stagiairen.