NewsCannes: Mann tëscht zwou Yachte gestuerwen

Traureg Nouvelle vum Filmfestival zu Cannes: E Mann aus Groussbritannien ass e Samschdeg Owend bei enger Kollisioun vun zwou Yachten ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 26.05.2019, 11:49:40

© Laurent EMMANUEL / AFP

En 29 Joer ale Mann aus Groussbritannien ass e Samschdeg den Owend um Filmfestival zu Cannes gestuerwen, dat bei der Kollisioun vun zwou Yachten. Hien ass un engem Häerzinfarkt gestuerwen, wéi déi zwou Yachten anenee gefuer sinn. 

Déi 17 aner Passagéier goufen evakuéiert. Si sinn net blesséiert.