NewsZwou Persounen zu Réimech vu Mann mat Taser menacéiert

D'Police huet de Samschdeg Owend zu Réimech eng Persoun festgeholl, déi mat engem Taser zwou Persoune menacéiert hat.

Leschten Update: 26.05.2019, 15:50:10

© Eldo

Géint 22.30 Auer gouf d'Police op Réimech bei de Camping geruff, well eng männlech Persoun zwou weider Persoune mat engem Taser menacéiert hat. D'Police konnt den Täter kuerz drop fannen. Hien hat en Taser a Pefferspray dobäi. Béid Waffe goufe saiséiert an et gouf eng Plainte géint den Täter gemaach.

An der Nuecht op e Samschdeg goufen zu Koplescht an um Wandhaff Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am Ganze goufen 156 Automobiliste kontrolléiert. An dräi Fäll gouf de Permis nach op der Plaz saiséiert. Och 6 Plainte wéinst Drogenafloss goufe gemaach.

Och zu Suessem gouf e Permis saiséiert. Dat bei engem Accident tëscht zwee Autoen. Ee vun de Chauffeuren hat ze vill Alkohol am Blutt. 

Da gouf och zu Mamer e Permis saiséiert. Hei hat en Automobilist an der Areler Strooss 3 Autoen getéitscht a war weider gefuer. D'Police konnt de Chauffeur kuerz drop fannen. Hie war am Auto am Gaang ze schlofen. Och hei war den Alkoholtest positiv. 

Och zu Beetebuerg, zu Keel an op der A13 Richtung Péiteng hunn dräi Automobilisten hire Permis missen ofginn.