NewsSeelenen Albino-Panda a China entdeckt

E ganz seelenen Albino-Panda konnt elo an engem Naturschutzgebitt am Südweste vu China fotograféiert ginn.

Leschten Update: 26.05.2019, 17:16:24

© Pixabay

Wéi déi staatlech Noriichtenagence Xinhua de Samschdeg gemellt huet, hätt dat komplett wäisst Déier mat rouden Ae Mëtt Abrëll eng Foto-Fal ausgeléist.

Interessant un der Foto ass, dass domat beluecht konnt ginn, dass och ënnert de wëlle Risepandaen, deenen hire Pelz jo normalerweis schwaarz-wäiss ass, Albinismus gëtt.





Risepandae si jo vum Ausstierwe menacéiert a kommen nëmmen a China vir. D'Zuel gëtt nach op ronn 1'800 wëll Déiere geschat. Knapp 550 Risepandae liewen donieft an Zooe ronderëm d'ganz Welt.