NewsEsou huet Europa gewielt

751 Deputéiert hu misste gewielt ginn, fir vill Länner leien déi provisoresch Resultater mëttlerweil vir.

Leschten Update: 10.06.2019, 16:40:35

© Emmanuel DUNAND / AFP

Grouss Verléierer sinn d'Chrëscht- an d'Sozialdemokraten. Wéi et vun offizieller Säit heescht, sollen d'Europäesch Vollekspartei (EVP) an d'sozialistesch an demokratesch Parteien (S&D) jeeweils 20 Prozent verluer hunn. D'EVP kënnt domat op 179 Sëtz an d'Sozialdemokraten op 150 Sëtz.

Déi Konservativ an d'Sozialdemokrate kommen domat net méi op eng Majoritéit, awer ass et d'EVP, déi stäerkste Partei am Europaparlament bleift. Déi Liberal Parteie kommen op 107 Sëtz a ginn drëttstäerkste Fraktioun. Déi Gréng ginn als déi grouss Gewënner vun dëse Wale gehandelt. An der gesamter EU sinn si staark ervirgaangen a klammen op 70 Sëtz am Parlament a ginn domat véier-stäerkste Kraaft.

En däitleche Plus ass bei der rietspopulistescher Fraktioun "Europa vun den Natiounen an der Fräiheet" (ENF) gezielt ginn. Si kommen op 58 Sëtz. Hei sinn et a Frankräich de Rassemblement National (24%) vum Marine Le Pen an och déi riets Lega (27%) vum Matteo Salvini an Italien, déi däitlech u Stëmme gewonnen hunn. D'Brexit-Partei a Groussbritannien vum Nigel Farage gëtt mat 31% stäerkste Kraaft. An Däitschland ass d'AfD op 11% komm. Déi riets FPÖ an Éisträich ass op 17% zeréckgefall.




Iwwerdeems huet de griichesche Premier Alexis Tsipras no Stëmmeverloscht vu senger lénkser Partei Syriza virgezunne Parlamentswalen annoncéiert. Hie kënnt d'Resultat net ignoréieren a wëll no de Gemengewalen den 2. Juni eng Ufro beim President vun der Republik maachen, esou den Tsipras e Sonndegowend, wéi déi virleefeg Resultater publizéiert goufen. D'Neiwale kéinten da schonn Enn Juni sinn.



Dem Europaparlament no war d'Walbedeelegung zënter Joren dann net méi esou héich an ass op gutt 51% geklommen.