NewsDP 1 Sëtz dobäi, CSV verléiert 1 Sëtz

Lëtzebuerg huet gewielt, um 23.00 Auer e Sonndeg sinn déi éischt Resultater publizéiert ginn.

Leschten Update: 10.06.2019, 16:40:43

© Eldoradio

D'DP kritt ee Sëtz bäi an ass elo bei 2, d'CSV huet ee Sëtz missten ofginn an ass vun 3 op 2 erofgaangen. Déi Gréng ginn op nationalem Plang als drëttstäerkste Partei ervir a behalen hire Sëtz am Europaparlament. Och d'LSAP bleift bei engem Sëtz a bleiwen och am Parlament. D'ADR, d'Piraten, déi Lénk, Volt, d'KPL an déi Konservativ hunn et net an d'Europaparlament gepackt.

Am Detail kritt d'DP 6,67 Prozentpunkten dobäi a kënnt op 21,44%. Bei der CSV ass et e Minus vu 16,55% am Verglach zu 2014, d'Partei kënnt op 21,1%. Déi Gréng gewannen 3,9% a kommen op 18,91%. Och d'LSAP gewënnt mat 0,44% liicht a kënnt op 12,19%. D'ADR verzeechent e Plus vun 2,51% a kënnt par Rapport zu de leschten Europawalen elo op 10,04%. D'Pirate kommen op 7%, déi Lénk op 4,83%, déi nei gegrënnt Partei Volt op 2,11 Prozent, d'KPL op 1,14% an zu gudder Lescht Déi Konservativ op 0,53%.

© Screenshot https://elections.public.lu/fr.html


Donieft sinn et d'Monica Semedo an de Charel Goerens vun der DP, d'Isabelle Wiseler-Santos Lima an de Christophe Hansen vun der CSV, d'Tilly Metz vun déi Gréng an de Nicolas Schmit vun der LSAP déi 6 Deputéiert, déi Lëtzebuerg am Parlament an Zukunft vertrieden.

Zu Lëtzebuerg waren am Ganzen 285.435 Wieler op de Lëschten ageschriwwen, 240.044 Stëmme goufen dann och ofginn. 217.806 valabel Stëmme si gezielt ginn, 11.006 waren der net valabel. Bei den eidele Stëmmziedele waren et der 11.232. Iwwerdeems gouf 52.183 Mol per Bréifwal de Choix gemaach.

LINK / Hei de kompletten Detail!
© Screenshot https://elections.public.lu/fr.html