NewsVitesslimitatioun op der A6/A1 - 1 Woch duerno - rullt et?

Zënter 1 Woch gëllt eng Vitesslimitatioun op enger Streck vun 28 Kilometer op der A6/A1. Ma wéi leeft et? Dat hu mir iech gefrot!

Leschten Update: 11.06.2019, 14:20:50

© Pexels

Virun e puer Woche gouf et annoncéiert, elo ass et zënter 1 Woch Realitéit: Zënter dem 3. Juni u gëtt déi maximal Vitess op den Autobunnen A6 an A1 vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz (Sterpenech) a Richtung Kierchbierg op 90 Stonnekilometer limitéiert.

D'Limitte gëlle vu méindes bis freides vun 6.15 Auer bis 9.15 Auer, also moies zu de Spëtzestonnen. D'Limitatioune gëlle weder wärend Schoulvakanzen oder Feierdeeg, nach wann op de betraffene Streckenofschnëtter Accidenter geschéien.

Ma wat nëtzt dës Limitatioun, eng Woch duerno?

Genee dat hu mir iech op Faceebook an Instagram gefrot. Eng Facebook-Userin schreift: "Fannen et vill méi angenehm ze fueren, et gëtt net méi esou abrupt ofgebremst." Dës Meenung gëtt och vun enger anerer Persoun gedeelt. Hei heescht et: "Fannen dass et besser leeft... Hale mech och un 90, a wann der nach e puer méi et géife maachen, da géif et nach besser lafen..."

Deemno schéngt d'Limitatioun op der Streck vun 28 Kilometer wuel eppes ze bréngen. Ma et ginn awer och aner Meenungen zu der Regulatioun: "Bis 7 Auer konnt een ëmmer ganz zügeg iwwert A6 fueren, wéinstens bis bei de Chantier. Mais et ass souwisou egal, wat d'Leit dovunner halen, et ass decidéiert ginn, an et gëtt elo gemaach, à prendre ou à laisser."

Anerer gesinn en anere Grond hannert der Limitatioun vun 90 Stonnekilometer: "Firwat elo. Well geschwënn d'grouss Vakanz ugeet an dann den Trafic manner gëtt an dann heescht et 'super, et klappt' a bleift dobäi, wéi wann dat de Problem vun den iwwerfëllten Autobunnen/Stroossen géif léisen."

E weidere Facebook-Notzer fënnt dann, datt d'Limitatioun näischt géif bréngen, well een duerch de Beruffstrafic egal wéi net méi wéi 50 fuere géif. "90 ännert guer näischt dorun, dass déi Autobunn deels iwwerfëllt ass, an ee souwisou dann net méi wéi 50 do fuere kann..."

Alles an allem kann ee weider gespaant sinn, wéi sech den Trafic während der Testphas entwéckelt. Nach bis den 12. Juli, also nach e gudde Mount, muss sech un d'Vitesslimitatioun gehale ginn. Ob et sënnvoll ass, dës Reegelung bäizehalen, wäert sech da wuel an noer Zukunft weisen.

Lauschtert eran!