NewsMann verschanzt sech mat Waff zu Nidderkuer a Wunneng

Den Dënschdeg géint der Mëtteg war zu Nidderkuer e Mann mat enger Schosswaff gemellt ginn. Kuerz no 15.00 Auer gouf seng Wunneng du gestiermt.

Leschten Update: 04.06.2019, 18:14:39

© Police

Den Dënschdeg géint der Mëtteg gouf der Police zu Nidderkuer e Mann gemellt, dee mat enger Schosswaff an der Rue Mathendahl um Balcon vun engem Appartement stoung. Den 61 Joer ale Mann huet sech dunn a senger Wunneng verschanzt. 

Kuerz no 15.00 Auer huet d'Spezialunitéit d'Wunneng du gestiermt an de Mann konnt iwwerwältegt ginn. D'Waff gouf saiséiert.

Wéi et vum Parquet heescht gouf kee beim Asaz blesséiert an et gouf och net geschoss. D'Motiv vum Mann misst elo gekläert ginn.

De Mëttwoch de Muere kënnt hie virun den Untersuchungsriichter.

Hei de Communiqué vum Parquet:

Communiqué du parquet de Luxembourg concernant les faits d’aujourd’hui à Niederkorn.

(04.06.2019) 

Vers midi la Police grand-ducale a été avisée qu’un homme détenant une arme à feu se trouvait sur le balcon d’un appartement rue Mathendahl à Niederkorn. L’homme âgé de 61 ans s’est ensuite retranché à l’intérieur de son domicile. Peu après 15:00 heures l’unité spéciale de la Police a réussi à s’y introduire et à maîtriser l’homme en question. Son arme a été saisie. Il n’y a pas eu de blessés et aucun coup de feu n’a été tiré. Le mobile de la personne arrêtée devra être déterminé par l’enquête en cours. L’homme sera entendu demain au courant de la matinée par le juge d’instruction de Luxembourg.