NewsJean Asselborn läit op der Intensivstatioun

Nodeems den Ausseminister Jean Asselborn hospitaliséiert ginn ass, sinn all seng Rendezvouse bis de 16. Juni ofgesot.

Leschten Update: 06.06.2019, 04:40:40

© Bernd von Jutrczenka / dpa / AFP

Wéinst gesondheetleche Problemer wäert den Ausseminister Jean Asselborn all seng Rendezvouse zu Lëtzebuerg an am Ausland mussen ofsoen, dat nach bis de 16. Juni. Dëst deelt den Ausseministère mat. Hier wier hospitaliséiert a géif op der Intensivstatioun leien.

RTL-Informatiounen no soll den Ausseminister onglécklech gefall sinn. Hien hätt ee groussen Hämatom iwwert de ganze Réck a misst an engem Spidol behandelt ginn well hien sech net vill beweege kéint, esou RTL weider.

Liest hei de Communiqué vum Ausseministère:

Jean Asselborn annule ses rendez-vous officiels jusqu’au 16 juin 2019.

Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Pour des raisons de santé, le ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn annule ses rendez-vous tant à Luxembourg qu'à l'étranger, et ce jusqu'au 16 juin.

Le ministre Asselborn est hospitalisé dans le service des soins intensifs.