NewsDéidlecht Accident um CR308 tëscht Kietscht a Gréiwels

E Sonndeg den Owend koum et um CR308 tëscht Kietscht a Gréiwels zu engem déidlechen Accident. De Bäifuerer huet net iwwerlieft.

Leschten Update: 10.06.2019, 08:31:29

© Police

E Sonndeg den Owend géint 23.25 Auer ass um CR308 tëscht Kietscht a Gréiwels en Auto an e Bam gerannt. Wéi d’Rettungsdéngschter op d’Plaz koumen hunn si den Dout vun enger Persoun festgestallt. Éischten Ermëttlungen no handelt et sech ëm de Bäifuerer. De Chauffer war allerdéngs net méi do a gouf am Bësch gesicht. Géint 2.00 Auer gouf hien erëmfonnt. Den Alkoholtest war positiv. Op Uerder vum Parquet vun Dikrech gouf de Mann festgeholl a kënnt am Laf vum Méindeg virun den Untersuchungsriichter.

© Police