NewsKollisioun tëscht Auto a Moto zu Hoen

De CGDIS mellt Accidenter e Sonndeg den Owend zu Hoen an um CR345. Jeeweils eng Persoun gouf blesséiert.

Leschten Update: 10.06.2019, 10:01:19

© CGDIS

Zu Hoen an der Haaptstrooss koum et e Sonndeg den Owend géint 18.30 Auer zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Péiteng, Stengefort a Käerch waren am Asaz.

Dann ass géint 18.50 e Motocyclist um CR345 tëscht Mäerzeg a Colmer-Bierg gefall a gouf verwonnt. D’Rettungsdéngschter vu Mäerzeg an Ettelbréck waren op der Plaz.