NewsPortugal gewënnt éischt Editioun vun der Nations League

E Sonndeg den Owend huet Portugal déi éischt Nations League mat 1:0 géint Holland gewonnen.

Leschten Update: 10.06.2019, 09:12:34

© GABRIEL BOUYS / AFP

E Sonndeg den Owend zu Porto huet Portugal mat 1:0 d’Finall vun der éischter Nations League géint Holland gewonnen. De portugisesche Goal huet de Goncalo Guedes an der 60. Minutt geschoss.

Am Match ëm déi 3. Plaz hunn d’Englänner mat 6:5 no Eelefmeterschéisse géint d’Schwäiz gewonnen.