NewsNominatiounsdelai fir d’Nofolleg vum Theresa May leeft of

A Groussbritannien leeft e Méindeg de Nominatiounsdelai fir d’Nofolleg vum Theresa May of.

Leschten Update: 10.06.2019, 10:18:44

© Adrian DENNIS / AFP

A Groussbritannien leeft e Méindeg de Nominatiounsdelai fir d’Nofolleg vum Theresa May als Parteicheffin vun den Tories of. 11 Persounen hunn hir Kandidatur agereecht. Bis den 20. Juni wëllen d’Autoritéite vun der konservativer Partei zwee Kandidaten aussichen. Dës sollen dann an enger Stéchwal géinteneen untrieden. Déi ronn 100 000 Membere vun der Partei mussen sech da fir ee Kandidat entscheeden. Dëse gëtt dann och automatesch Premier. Déi bescht Chancë soll de Brexit-Hardliner Boris Johnson hunn. D’Theresa May war jo e Freideg als Parteicheffin zeréckgetrueden.