NewsBrasilien: Op d’mannst 17 Doudeger bei Busaccident

Am Südoste vu Brasilien sinn e Sonndeg den Owend op d’mannst 17 Persoune bei engem Busaccident gestuerwen.

Leschten Update: 10.06.2019, 10:05:55

© Pexels.com

E Sonndeg den Owend ass am Südoste vu Brasilien e Bus mat 40 Passagéier ëmgekippt. Dësen ass op aner Autoe gefall, esou d’Pompjeeë vu Campos de Jordao. Op d’mannst 17 Mënsche sinn ëm d’Liewe komm. D'Ursaach vum trageschen Accident ass nach net bekannt.