NewsTour de Luxembourg 2019 : Herrada ass Schlussgewënner

E Sonndeg huet de Jesus Herrada déi 4. a lescht Etapp fir sech entscheet a gewënnt domat och den Tour de Luxembourg 2019.

Leschten Update: 10.06.2019, 10:26:12

© Jeff PACHOUD / AFP

De Jesus Herrada vu Cofidis huet e Sonndeg den Tour de Luxembourg 2019 fir sech entscheet nodeems hien als éischten um Pabeierbierg an der Stad iwwert d’Arrivée gefuer ass. Den Depart vun der 4. a leschter Etapp war zu Miersch. De Pit Leyder ass de beschte Lëtzebuerger op der 12. Plaz am Generalklassement.