NewsIndien: 6 Männer wéinst Viol a Mord vu Meedche veruerteelt

An Indien sinn e Méindeg 6 Männer wéinst Gruppevergewaltegung a Mord vun engem klenge Meedche veruerteelt ginn.

Leschten Update: 10.06.2019, 10:59:12

© NARINDER NANU / AFP

E Méindeg si 6 Männer wéinst Gruppevergewaltegung a Mord vun engem 8-järege Meedche an Indien veruerteelt ginn. Wéi de Procureur annoncéiert huet, soll d‘Strof selwer méi spéit festgeluecht ginn. Et ass awer net auszeschléissen datt d’Männer d’Doudesstrof kréien. E weideren Ugeklote gouf fräigesprach. Wéi et vum Geriicht heescht, gouf dat klengt Meedchen am Januar 2018 gekidnappt. Hatt gouf dunn an engem hinduisteschen Tempel e puermol vergewaltegt, erwiergt an doutgeschloen. Dëst hat deemools schro Protester uechter Indien ausgeléist.