NewsPolice: Granat zu Schëmpech fonnt

D'Police mellt e puer Tëschefäll um Méindeg. Ënner anerem ass eng Granat zu Schëmpech fonnt ginn an e Mann huet e Polizist gebass a geschloen.

Leschten Update: 10.06.2019, 16:35:16

© Eldo

Zu Schëmpech goufen e Sonndeg de Moie bei Aarbechten an engem Hannerhaff vun engem private Grondstéck eng 15 cm grouss Granat fonnt. De Service de déminage vun der Arméi huet sech ëm d’Entsuergung vun der Munitioun gekëmmert. Dës gouf am Bësch vu Schëmpech gesprengt. E Sécherheetsperimeter gouf dobäi ageriicht. An dësem Kader erënnert d’Police, datt am Fall wou ee Munitioun fanne soll, dës net ugepaakt dierf ginn. Et soll een direkt den 113 informéieren. Déi Plaz, wou d’Munitioun fonnt gouf, soll dann esou gutt wéi méiglech geséchert gi bis d’Police an d’Sprengstoffexperten ukommen.

© Police


D’Police gouf e Sonndeg an der Mëttesstonn zu Kielen an der Rue du Centre wéinst engem Sträit tëscht enger Mamm an hirem Jong geruff. De Jong wollt d’Wunneng verloossen an nodeems e Polizist him de Wee verspäert huet, huet dëse probéiert hien ze schloen. Den zweete Polizist wollt hëllefen a gouf an de Fanger gebass. Wéi de jonke Mann d’Handschellen ugedoe krut huet hien ee vun de Beamten um Bee verletzt. Dobäi huet dësen och op de Policewon gespaut. Op Uerder vum Parquet dierf den Täter net méi an d'Wunneng an e Protokoll wéinst Rebellioun gouf erstallt.

E Méindeg kuerz no Mëtternuecht hunn d’Poliziste vun Esch, Diddeleng a Capellen mat der Ënnerstëtzung vun Hënn Drogekontrollen duerchgefouert. Ee Mann huet der Police bei enger Kontroll fräiwëlleg 8,8 Gramm Haschisch, e Pefferspray an eng Matraque iwwerginn. Méi spéit gouf en anere Mann kontrolléiert, dee 3,8 Gramm Haschisch bei sech hat. Dësen hat eegenen Aussoen no Droge beim éischte Mann kritt. Déi zwee Männer hunn dëst och zouginn. En Handy a Sue goufe beim Drogendealer séchergestallt a saiséiert. Eng Plainte géint béid Männer gouf gemaach.

E Méindeg géint 00.30 Auer goufen zwee Männer gesi wéi si mat enger landwirtschaftlecher Maschinn den Terrain vun engem Händler um Rangwee zu Bouneweg verlooss hunn an a Richtung Rondpoint Glück fortgelaf sinn. D'Männer koumen zeréck an hunn um Parking vun enger Tankstell zwee Bidone geklaut. D’Police huet mat Hëllef vun der Täterbeschreiwung béid Männer fonnt a festgeholl. Se goufen op Schraasseg bruecht a koumen e Méindeg bei den Untersuchungsriichter.

An der Stad sinn der Police e Méindeg géint 2.00 Auer an der Avenue de la Gare zwee Männer opgefall déi haart geschwat hunn. Ee Mann hat eng Wonn op der Hand. Dësen huet der Police gesot datt säi Géigeniwwer hie mam Messer verwonnt huet. De presuméierten Täter krut Handschellen ugedoen. Hien hat e Klappmesser bei sech a war alkoholiséiert. D’Messer gouf saiséiert. Weider Detailer konnten d’Beamten net kréie well d’Affer och ze vill alkoholiséiert war. Hie gouf an d’Spidol bruecht. Eng Plainte gouf erstallt.