NewsMicrosoft annoncéiert nei Xbox op der E3

Am Kader vun der E3 dëst Joer huet Microsoft eng nei Xbox annoncéiert. Dat ënnert dem virleefegen Numm "Project Scarlett". Dës soll Enn 2020 erauskommen.

Leschten Update: 10.06.2019, 17:00:42

© Mark RALSTON / AFP

Microsoft huet am Kader vun der E3 dëst Joer zu Los Angeles eng nei Konsol annoncéiert. 

De Nofolger vun der Xbox One déi am Joer 2013 erauskomm ass, soll deemno fir d’Chrëschtdeeg nächst Joer op de Marché kommen, esou mellt et d’AFP.

Déi nei Xbox gouf ënnert dem virleefegen Numm “Project Scarlett” gedeeft.

Et ass fir déi éischte Kéier an der Geschicht vun der E3, datt de japanesche Konkurrent Sony net op der E3 präsent ass.