NewsKran fält duerch Stuerm op Wunnblock, 1 Persoun dout

Bei engem schwéiere Stuerm zu Dallas an den USA ass e Kran op e Wunnblock an op eng Garage gefall. Eng Persoun soll beim Virfall um Sonndeg gestuerwe sinn.

Leschten Update: 10.06.2019, 18:42:27

© www.pixabay.com

Bei engem schwéiere Stuerm zu Dallas am US-Bundesstaat Texas ass e Kran um Sonndeg op e Wunnblock an eng Garage gefall. Beim Virfall soll eng Persoun ëm d'Liewe komm sinn, esou d'Pompjeeën.

Sechs Persoune goufe blesséiert, zwee dovu liewensgeféierlech.

Medierapporten no soll de Stuerm mat Wandspëtzte vu méi wéi 110 km/h geblosen hunn. Am Norde vun Texas huet de Stuerm souguer fir Stroumpannen, gréisser Beschiedegungen u Leitunge gesuergt a Beem matgerappt hunn.

Enn Abrëll waren zu Seattle op mannst véier Mënschen ëm d'Liewe komm wéi e Kran vum Daach vun engem Gebai op eng Strooss drënner gefall war.